top of page

Online verfügbar

Psychologesch Begleedung

E Raum fir dech. Dai Wee, dain Tempo, déng Geschicht, meng Begleedung.

1 Std
135 Euro
Online

Beschreibung

Du bass vläicht hei, well eppes an dir schon zënter laangem méi verlaangt. Ech hëllefen dir erëm zréck zu dir ze fannen, dohinn wou deng Wuerzel ass, wou däi Wuesstum scho laang ugefaang huet, just onsichtbar an onbewosst. Verwuess mat Ofwier - a Schutzmechanismen, fir iergendwéi ze (iwwer)liewen. Mee wien bass du dobäi? Dat wats du däi ganzt Liewen gefillt hues, däerf hei endleg Raum fannen. Mir ginn net réckwärts, mir ginn déifwärts, no bannen. De Wee, op deems du dir selwer ërem begéinen diefs. Vill vu mengen eegenen existenzielle Froën konnten an dësem System net beäntwert ginn. Dat huet meng Aarbecht als Psychologin geprägt an ass de Grond, firwat ech vill Wäert op zwëschemënschlecht Verständnis, empathesch Ënnerstëtzung a glaichzaiteg wëssenschaftlech adäquat Aarbecht leeën. Ech gesinn dech als Ganzt, a schaffen mat dénger individueller Biografie. Dobäi steet eng Saach am Mëttelpunkt: d'Verstoe vunn dénger banneschter Welt, mat Déift a Kloerheet. "Know all the theories, master all the techniques, but as you touch a human soul be just another human soul" - C. G. Jung A menger Aarbecht steet d'empathesch Gestaltung vunn der Bezéiung am Mëttelpunkt. Du bass den Expert vunn dénger eegener Geschicht. Keen kennt déng Erliewnisser an déng bannescht Welt esou gutt wéis du. Meng Aufgab ass et, dëse Wee opmierksam ze begleeden, Secherheet ze schaafen a Räim opzemaachen, an deenen Wuesstem an Eegebegéinung méiglech ginn. Villes vun deem, wat eis haut beweegt (Ängscht, Selbstzweifel, Scholdgefiller, Bezéiungsmuster, sech "eidel" fillen), huet seng Wuerzelen net am Hei an Elo. Et huet Wuerzelen a fréien Erfahrungen, a fréiere banneschte Prägungen an (feelende) Bindungserfahrungen. An deem, wat ze vill war. An deem, wat gefeelt huet. Eis allerfréist Erfahrungen prägen eist ganzt Liewen, dacks onbewosst. Trauma heescht net nëmmen, dass eppes Schlëmmes derbäikomm ass. Heiansdo ass dat gréisste Leed dat, wat ni do war : ze wéineg Halt. Ze wéineg Gesi-ginn. Ze wéineg Léift. Trauma ass net d'Evenement selwer, mee dat, wat et an dir hannerlooss huet. Ech schaffen net klassesch analytesch a net mat veralteten Theorien, mee mat zäitgeméissen Methoden, déi dat Onbewosst gräifbar maachen. Mir diefen rem an d'Fillen kommen, well de Kierper kennt d'Geschicht. Et geet oft net duer iwwert eppes ze schwätzen, fir et ze veränneren. De Kierper muss d'Erlabniss kreien,dat ferdeg ze fillen, wat en deemols net huet diefen. Ech freeë mech op dech an op déng Geschicht.


Umbuchung & Kündigung

Buchungen kënnen bis 24h virum RDV gratis annuléiert oder verluecht ginn. Bei kuerzfristegen Annulatiounen oder net erschéngen, behalen ech mir vir, de volle Betrag ze verrechnen.


Kontaktangaben

annawenner@ymail.com

Grevels Groussbus-Wal, Luxembourg


bottom of page