
Mai perseinlechen Schicksalsschlag - 2024 ass den Emil onerward mat nëmmen 20 Méint verstuewen. Ab dem Moment huet mai Liewen 2.0 ugefang. Mir ass de Buedem ennert de Féiss eweg gezunn ginn, an ech hunn meng komplett Identitéit verluer.
Ech wees wéi et sech ufillt wann een keen Grond gesait fir Moies opzestoen, wann iwwerhapt Opstoen an sech e Kaffi machen déi greisste Leeschtung vum Daach ass. Mir ass och bekannt wéi et sech ufillt wann schwarz Gedanken kommen an sain eegent Liewen net méi liewenswert ass.
Ech sinn duech déi schlëmmsten Zäit a mengem Liewen gang an hun mech aus dem Minusberaich erem rausgezunn.
Et ass all Daach eng bewosst Entscheedung weider ze goen an d'Gléck erem a sai Liewen anzelueden.
Stéck fir Stéck, Schrëtt fir Schrëtt.
Ech gesinn et als meng Liewensaufgab un, aus menger Wonn eng Kraft entstoen ze lossen, fir aaner op hierem perseinlechen Wee ze hëllefen.
Egal wei deng Wonn ausgesait, wei deng Geschicht klengt, du bass Wëlkomm a mengem Raum.